Eis Kichen - Restaurant Prabbeli

Eis Kichen - Restaurant Prabbeli Restaurant à Wiltz - opéré par COOPERATIONS Société Coopérative
8, rue de la Montagne Wiltz www.eiskichen.lu

Eise Menü vun der Woch mat leckeren Poivrons Farcies als Entrée an eisem Burger mat Poulet, gefëllten Conchiglioni an ei...
24/09/2026

Eise Menü vun der Woch mat leckeren Poivrons Farcies als Entrée an eisem Burger mat Poulet, gefëllten Conchiglioni an eisem Saumon! 🌼 🌱 🍔 💐

✨ Eise Menü vun der Woch bei Eis Kichen ✨🍽Vun Dënschdeg bis Freideg hu mir nees eng flott Auswiel fir Iech preparéiert: ...
21/09/2026

✨ Eise Menü vun der Woch bei Eis Kichen ✨🍽

Vun Dënschdeg bis Freideg hu mir nees eng flott Auswiel fir Iech preparéiert: häerzhaft, vegetaresch a mat e puer flotte Spezialitéiten. 😋💛

🫑 Entrée: Gefëllte Paprika
🐟 Le Tradi: Saumon mat Artichocken, Spinat a Räis
🎃 Geméizing: Conchiglioni mat Kürbis a Parmesanzooss
🍔 Plat Spécial: Chicken Burger mat Avocado, Zalot, Tomat, Miso-Mayo a Fritten
🍎 Dessert: Gefëllten Apel mat Vanilleglace & eisen Cake du Jour

Kommt laanscht, sicht Iech äre Favorit aus a loosst Iech et bei Eis Kichen schmaachen! 🍴✨

Mir sinn op der Nuit des Lampions mam Salam sengem “Imperial Shawarma”🥙! Kommt laanscht et lount sech! 🔥 🥙
19/09/2026

Mir sinn op der Nuit des Lampions mam Salam sengem “Imperial Shawarma”🥙! Kommt laanscht et lount sech! 🔥 🥙

🍽️ Haut ass eise leschten Dag bei Eis Kichen: Mee mir gesinn eis bei der Nuit des Lampions! ✨ Kommt haut nach eng Kéier ...
16/09/2026

🍽️ Haut ass eise leschten Dag bei Eis Kichen: Mee mir gesinn eis bei der Nuit des Lampions! ✨ Kommt haut nach eng Kéier bei Eis Kichen laanscht a profitéiert vun eisem aktuelle Menü, éier mir fir e puer Deeg zoumaachen. 💛 Profitéiert also nachemol vum Stroganoff, der Tortilla, de Gnocchis & den Chili-Nachos.

Mee ganz fort si mir natierlech net: Bei der Nuit des Lampions si mir mat engem eegene Stand dobäi! 🏮🌙✨

Do servéiere mir Iech hausgemaacht:
🥙 Salam’s Imperial Shawarma
🥔🍄 Pommes de Terre et Champignons
🥟🥗 Poké Gyoza Bowl

Alles hausgemaacht an extra fir dëse speziellen Owend preparéiert. 💫

👉 Haut ass eise leschten Dag bei Eis Kichen
👉 Duerno fannt Dir eis bei der Nuit des Lampions
👉 Eis Kichen mécht erëm en Dënschden, den 22. September op 💛

Mir freeën eis op Iech!

🍽️✨ Eise Menü vum 14.09. bis 16.09. bei Eis Kichen ✨🍽️Vun Méindeg bis Mëttwoch inclus hu mir nees e flotte Menü fir Iech...
14/09/2026

🍽️✨ Eise Menü vum 14.09. bis 16.09. bei Eis Kichen ✨🍽️

Vun Méindeg bis Mëttwoch inclus hu mir nees e flotte Menü fir Iech preparéiert: 😋

🥔 Entrée: Spuenesch Tortilla mat Chorizo
🥩 Le Tradi: Boeuf Stroganoff
🌱 Geméizing: Gnocchi vu roude Rommelen mat Fennel a Moschter
🌶️ Plat Spécial: Chili con Carne mat Cheese Nachos
🍎 Dessert: Mascarpone-Crème mat gebakenen Äppel a Speculoos-Fonds & de
🍰 Cake du Jour

🏮✨ Donneschdeg a Freideg bleift Eis Kichen wéinst der Nuit des Lampions zou.

Och kee Take-away am Ale Moart an am Kiischpelter Duerftreff wärend dësen Deeg.

👉 Mir sinn erëm vum Dënschdeg, 22. September un fir Iech do! 💛

Nach haut kënnt dir eis Entrée, Tourte mat Spinat a Poretten probéieren!  Eis lecker vegetarësch Entrée mat lokalem Gemé...
11/09/2026

Nach haut kënnt dir eis Entrée, Tourte mat Spinat a Poretten probéieren! Eis lecker vegetarësch Entrée mat lokalem Geméis! 🌱 🌼

Eisen Rôti de Collet de Porc: Nach haut bei Eis Kichen 🌱 🌼
09/09/2026

Eisen Rôti de Collet de Porc: Nach haut bei Eis Kichen 🌱 🌼

🍽️✨ Eise Menü vun der Woch bei Eis Kichen ✨🍽️Vun Méindeg bis Freideg hu mir nees eng flott Auswiel fir Iech preparéiert ...
06/09/2026

🍽️✨ Eise Menü vun der Woch bei Eis Kichen ✨🍽️

Vun Méindeg bis Freideg hu mir nees eng flott Auswiel fir Iech preparéiert – vu klassesch bis kreativ, vun häerzhaft bis frësch. 😋💛

Méindeg bis Mëttwoch
🥧 Tourte mat Spinat, Porrett a Feta
🍖 Schwéngscollet-Brot mat Chicorée a Speck a Kroketten
🍅 Tomat, Burrata a Räisnuddele
🍔 Bifana Burger mat Schwéngsescalope, Kéis, Ee, Zalot, Tomat, Mayonnaise a Fritten
🥭 Mango Panna Cotta

Donneschdeg & Freideg
🥧 Tourte mat Spinat, Porrett a Feta
🍝 Gnocchi Carbonara-Style mat Salsiccia
🥬 Verschidde Kabeszorten, klengen Dinkel a Geméisbouillon
🍔 Bifana Burger mat Schwéngsescalope, Kéis, Ee, Zalot, Tomat, Mayonnaise a Fritten
🥭 Mango Panna Cotta

Kommt laanscht a loosst Iech et schmaachen! 👩‍🍳👨‍🍳✨

Eis gebaaken Aubergine mat Couscous & Tomatenzoos 🍅  🍆
04/09/2026

Eis gebaaken Aubergine mat Couscous & Tomatenzoos 🍅 🍆

🇨🇳 🥢 Eise Kung Pao Boeuf mat Lo Mein Nuddelen ass eng lecker Fusion aus der chinesescher Kichen, mat Inspiratioun aus de...
03/09/2026

🇨🇳 🥢 Eise Kung Pao Boeuf mat Lo Mein Nuddelen ass eng lecker Fusion aus der chinesescher Kichen, mat Inspiratioun aus der südchinesescher Sichuan Regioun a klasseschen Nuddelsgeriichter. 🌶️🍜 Pikant, liicht séiss a voller Aromen: eng modern Kombinatioun, déi richteg Spaass um Teller mécht!

Adresse

8 Rue De La Montagne
Wiltz
9538

Téléphone

+35295920552

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Eis Kichen - Restaurant Prabbeli publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'entreprise

Envoyer un message à Eis Kichen - Restaurant Prabbeli:

Raccourcis

Partager