Centrale Paysanne Luxembourgeoise

Centrale Paysanne Luxembourgeoise Centrale Paysanne Luxembourgeoise: Berufsorganisation der Bauern, Winzer und Gärtner

WAT HUET DE PREMIER IWWERT D'LANDWIRTSCHAFT GESOT?Um zweeten Dag vun der Foire Agricole war de Premierminister Luc Fried...
09/07/2026

WAT HUET DE PREMIER IWWERT D'LANDWIRTSCHAFT GESOT?
Um zweeten Dag vun der Foire Agricole war de Premierminister Luc Frieden zu Gaascht op der „politescher Receptioun“ vun der Centrale Paysanne. Wat hien do gesot huet, liest dir exklusiv dëse Freideg, 10. Juli, am „Lëtzebuerger Bauer“.

Foto: Romain Heckemanns

🇱🇺🤝 Grenzüberschreitender Austausch auf der Foire Agricole in EttelbrückAm Freitag, 3. Juli 2026, folgten Vertreter des ...
08/07/2026

🇱🇺🤝 Grenzüberschreitender Austausch auf der Foire Agricole in Ettelbrück

Am Freitag, 3. Juli 2026, folgten Vertreter des Kreisbauernverbandes Bitburg-Prüm, des Kreisbauernverbandes Trier-Saarburg sowie der LandFrauen Rheinland-Nassau gerne der Einladung des luxemburgischen Bauernverbandes Centrale Paysanne zur Foire Agricole nach Ettelbrück.

Die Foire Agricole ist weit mehr als eine Ausstellung: Sie ist ein bedeutender Treffpunkt für Landwirtschaft, Verbraucherdialog, regionale Produkte, moderne Technik und den Austausch über die Zukunft der grünen Berufe. Gerade für unsere Grenzregion zeigt sich hier, wie eng Landwirtschaft über Landesgrenzen hinweg miteinander verbunden ist.

Herzlichen Dank an die Centrale Paysanne für die Einladung und den guten Austausch. Solche Begegnungen stärken das gegenseitige Verständnis und machen deutlich: Landwirtschaft lebt von Zusammenarbeit – regional, grenzüberschreitend und mit Blick nach vorne.

IWWERT D'GRENZEN ERAUSAm Kader vun der Foire Agricole hat d'Centrale Paysanne d'Initiativ ergraff, fir um Freideg Gewerk...
07/07/2026

IWWERT D'GRENZEN ERAUS
Am Kader vun der Foire Agricole hat d'Centrale Paysanne d'Initiativ ergraff, fir um Freideg Gewerkschaftsvertrieder aus der ganzer Groussregioun op eng Konferenz iwwert déi nei GAP zesumme mat engem Vertrieder vun der DG Agri vu Bréissel ze invitéieren. Kolleegen aus der Lorraine, der Wallonie, Ostbelgien, dem Rheinland an dem Saarland waren der Invitatioun nokomm. D'Konferenz, déi op franséisch war, gouf simultan iwwersat. Jidderee war duerno der Meenung, dass den Austausch iwwert d'Grenzen eraus soll oprecht gehale ginn.
Méi zur Konferenz e Freideg am „Lëtzebuerger Bauer“.

Foto: Romain Heckemanns

VILL LASS UM 3. DAG VUN DER FAEOch um 3. Dag war vill lass um Stand vun der Bauerenzentral.Mir sinn nach bis 19 Auer do....
05/07/2026

VILL LASS UM 3. DAG VUN DER FAE
Och um 3. Dag war vill lass um Stand vun der Bauerenzentral.
Mir sinn nach bis 19 Auer do. Kommt bis laanscht. Stand F.06

HÉICHE BESUCH OP EISEM STANDMir haten haut um zweeten Dag vun der Foire Agricole d'Freed an d'Éier de Premierminister Lu...
04/07/2026

HÉICHE BESUCH OP EISEM STAND
Mir haten haut um zweeten Dag vun der Foire Agricole d'Freed an d'Éier de Premierminister Luc Frieden, d'Landwirtschaftsministerin Martine Hansen, de Finanzminister Gilles an den EU-Landwirtschaftscommissaire Christophe nieft enger Dozen Deputéierten, ville Memberen aus de staatleche Verwaltungen a Vertrieder aus dem landwirtschaftleche Secteur bei eis ze begréissen.

OPTAKT VUN DER FAEVertrieder aus der Landwirtschaft aus der Groussregioun waren e Freideg um Stand vun der Bauerenzentra...
03/07/2026

OPTAKT VUN DER FAE
Vertrieder aus der Landwirtschaft aus der Groussregioun waren e Freideg um Stand vun der Bauerenzentral, wou mat engem Vertrieder vun der DG Agri vu Bréissel iwwert d'Zukunft vun der GAP geschwat ginn ass. E gelongenen Optakt mat villen interessante Gespréicher op allen Niveauen.

A GEWONNEN HUNN ...Merci jidderengem, deen un eisem Gewënnspill deelgeholl huet. D'Auslousung elo grad huet déi glécklec...
01/07/2026

A GEWONNEN HUNN ...
Merci jidderengem, deen un eisem Gewënnspill deelgeholl huet. D'Auslousung elo grad huet déi glécklech Gewënner erginn:
- Marcelle Feiereisen
- Claudine Dias
- Jessica Greis
Si kréie jeeweils 2 Ticketen fir d'Foire Agricole geschéckt (kuckt wegl. an ärer Inbox!).
Mir wënschen de Gewënner vill Spaass a soe jidderengem Merci, dee matgemaach huet.

GEWANN DENG TICKETEN FIR D'FAEE Freideg fänkt d'Foire Agricole zu Ettelbréck un. An dem Kader verlouse mir 3x2 Entréesti...
30/06/2026

GEWANN DENG TICKETEN FIR D'FAE
E Freideg fänkt d'Foire Agricole zu Ettelbréck un. An dem Kader verlouse mir 3x2 Entréesticketen.
Fir se gewannen, musst dir eis iwwert PM (Private Message) schreiwen, wéi eng Standnummer d'Centrale Paysanne dëst Joer huet, an awer och dëse Beitrag liken!
Wa méi richteg Äntwerte wéi Präisser erakommen, gëtt de Gewënner ausgeloust
Zäit hutt dir bis e Mëttwoch 13.00 Auer. Duerno gi mir d'Gewënner hei ëffentlech bekannt.

NEI STELLPLAZ OP DER FOIRE AGRICOLENächste Weekend ass zu Ettelbréck déi 43. Foire Agricole. D'Centrale Paysanne ass nat...
25/06/2026

NEI STELLPLAZ OP DER FOIRE AGRICOLE
Nächste Weekend ass zu Ettelbréck déi 43. Foire Agricole. D'Centrale Paysanne ass natierlech och erëm mat derbäi. Ënnert anerem gëtt et d'Fotoausstellung iwwert d'Bauerefraen ze gesinn. Mee opgepasst! D'Zelt vun der Centrale Paysanne steet elo op enger anerer Plaz. Am Bloc F, Nummer F.06 (kuckt de Plang).
Mir freeën eis op äre Besuch.

Adresse

44, Rue De La Gare
Mersch
L-7590

Heures d'ouverture

Lundi 08:00 - 17:00
Mardi 08:00 - 17:00
Mercredi 08:00 - 17:00
Jeudi 08:00 - 17:00
Vendredi 08:00 - 17:00

Téléphone

+352 32 64 64 480

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Centrale Paysanne Luxembourgeoise publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'entreprise

Envoyer un message à Centrale Paysanne Luxembourgeoise:

Partager