31/10/2026
🏆🍔 TOP OF THE TRUCKS!
Et gëtt Neiegkeeten, déi einfach ze gutt sinn, fir se net mat Iech ze deelen!
All Joer ginn eis Foodtrucks vum Ministère de l’Agriculture, de l’Alimentation et de la Viticulture enger strenger Hygiène a Liewensmëttelsécherheet Kontroll ennerzunn.
An och dëst Joer hun mir fir die 3. Kontroll hannereneen eppes ganz Besonnesches erreecht:
🏆 91,07 % – NIVEAU EXCELLENT
Mee elo kënnt nach d’Kiischt um Kuch oder solle mer léiwer soen: de Kéis um Burger? 🧀😂:
Laut den offiziellen Inspektiounsstatistiken, déi mir kruten, huet FoodRiders 2026 dat bescht Resultat vun alle kontrolléierte Foodtrucks erreecht! 🥇
Mir sinn immens houfreg op eis ganz Ekipp well gudde Streetfood net nëmmen eng Fro vum Goût ass. Et geet och ëm d’Qualitéit, d’Hygiene an d’Standarden, déi dohannert, a bei ons op 1. Platz, stinn.